RTL
Télé Lëtzebuerg 28. November 2001

Reportage

Den Internet huet eist Liewe ganz sécher verännert, radikal verännert. Zougang zu der Welt just mat e puer Mausklicken an dat zu all Moment. Schon erstaunlech, wat den Internet äis erlaabt huet. An dat och wierklech jidderengem, besonnesch awer deenen, déi blann sin. Wéisou, dat verréit äis d'Nathalie Reuter.


Nathalie Reuter:
De Sascha Lang, dien vu Gebuert u blann as, as hei zu Lëtzebuerg an der Musekszeen keen Onbekannten. Hien organiséiert Concerten, mécht Interviewen an schreift Artikele fir verschidden Zeitungen an Radioen. Am Moment as hien am gangen, en Pressecommuniqué opzesetzen fir Sonic season, déi hir éischt CD lanzéieren. Ganz gezielt surft hien am Netz an liest, wat um Ecran steet mat der Hëllef vun enger Braillezäil.

Sascha Lang:
Ech gebrauchen et haptsächlech fir méng Museksinformatiounen ze huelen. Wann ech z. B. en Artikel schreiwen, dann gin ech oft gären op d'Homepage vun den Künstler kucken, huelen mer do hir Biographien rof oder sichen mir einfach anner Informatiounen. An eben och, bon, den Internet u sech als Emailkommunikatiounssystem, wat einfach genial as, well ech kann zimlech schnell Informatiounen hin an hir schécken, an ech kréien dann d'Sachen zréck och op Email direkt um Computer. Ech kann se also direkt liesen, brauch se also dann och nët méi anzescannen, wann et een Fax as oder sou, d. h. ech hun se och direkt um Computer, kann se veraarbechten.

Nathalie Reuter:
Viru kuerzem war den franzéischen Star, Komponist, Musiker an Sänger Gilbert montagné hei zu Lëtzebuerg an huet am Casino vun Mondorf en Concert gin. Hien, dien vu Gebuert u blann as an en Fan vum Internet as, huet äis bestätegt, dat dëse Medium och säi Liewe total verännert huet.

Gilbert Montagné:
Oh mais Nathalie, on fait d'abord que je peux avoir accès à toute la presse écrite. Tous les journaux je peux les lire. Avant je ne pouvais pas. Maintenant je peux lire n'importe quel journal puisque n'importe quel journal est en ligne. Tout ce qui est sur Internet, à part les photos bien sûr, on peut les lire. Donc n'importe quel site on peut, on peut aller dedans. Et c'est fantastique. Et puis aussi il y a un site, je peux le donner, il y a plein de portails comme ça, il y a un site qui s'appelle comfm c o m f m .fr où là on a 3.800 radios en direct et 410 télévisions en direct. C'est merveilleux. C'est fantastique. Pour moi c'est un rêve devenu vrai.

Nathalie Reuter:
Virum Internet war de Zougang zu den Informatiounen am allgemengen, ob an Punkto Zeitungsartikelen oder Literatur fir déi Blann nämlech éischter limitéiert.

Roger Hoffmann:
Fréier hat een tatsächlech nëmmen déi Texter an Braille oder op Kassette oder Tounband, déi d'Bibliothéiken engem zur Verfügung gestallt hun. An dat kennen der jo eigentlech nët vill sin, well déi mussen, wann een de Volum vun de Bicher, vun de Schrëften, déi rauskommen all Dag, déi mussen jo verschafft gin.

Nathalie Reuter:
Dat as um Netz elo nët méi néideg. Genee wéi den Gilbert Montagné sou huet och den Roger Hoffmann zousätzlech zu enger Braillezäil nach een Synthétiseur vocal, een Programm, dien him virliest, wat um Ecran steet, wat en zousätzlechen Plus as.

Roger Hoffmann:
Et geet méi séier. Also wann Der e wéineg verfollescht hutt, wéi ech dann op der Websäit do vum Yahoo kann rop an rof jauwen, wann ech dat all Kéiers misst ënnert den Fanger liesen, déi ganz Zäil, déi dann do steet, dat geet effektiv vill méi séier.

Nathalie Reuter:
D'Josiane Rommes, wat zanter séngem 14. Liewesjoer blann as, huet souguer séng perséinlech Internetsäit "Dots under Fingers" selwer gemach, déi een op der Adresse www.rommes.org fënnt. Aus e puer Grënn huet hat dës Säit kreéiert.

Josiane Rommes:
Éischtens, well ech geduecht hun, et gif mer Spass machen, an well ech och e besschen wollt drop opmierksam machen, dat och Blanner am Internet surfen, hir Problematik e besschen duerstellen wollt, an och fir Kontakt ze kréien, well normalerweis as et fir mech nët sou einfach, fir mat Läit an Kontakt ze kommen, well do ëmmer sou eng Barrière as wéint der Behennerung.

Nathalie Reuter:
Eng ganz Rei interessant Informatiounen iwert Chiens Guiden, wéi dem Josiane säin Hond, de Laos, fënnt een um Site, genee sou wéi z. B. Linken op Siten fir Computerequipementer fir Blanner. Gelount huet sech d'Méi fir en Site ze machen op alle Fall.

Josiane Rommes:
Ech hun och duurch méng Homepage mäi Frënd kennengeléiert. Ech mengen, dat war schon een groussen Succès.

Nathalie Reuter:
Mee all Säiten kréien déi Blann nët gelies, sou wéi z. B. den Site vun der Chamber (www.chd.lu). Dien as nämlech am Javascript geschriewen. En Problem, dien awer liicht behuewen kann gin, wann d'Macher vun de Siten och u déi Blann denken an hinen eng Alternativ ganz am HTML- Code geschriewen unbidden.

En Nodeel huet dat Zousatzequipement fir déi Blann schon. Et as dëst extrem deier. Eng Braillezäil kascht teschend 180 an 200.000,- Frang. Déi gudd Noricht dogéint, hei zu Lëtzebuerg kënnt d'Pflegeversecherung fir dat Computerequipement op, virausgesat et kann een beweisen, dat een och domat ëmgoen kann. Weider Informatiounen get et bei der Blannenvereenegung ënnert der Nummer 32 90 31-300.