Mam Bengel ënnerwee

Vill Leit, déi gesinn, wëssen net vill oder näischt iwwer blann Leit. Si stellen sech d'Blannheet als Tappen an éiweger Däischtert vir. Hir eegen Erënnerungen an Erfarongen am Däischteren beaflossen hir Virstellung, wéi blann Leit liewen. Wann se sech am Däischteren net zerechtfannen, mengen se, datt all blann Persoun sech net zerechtfënnt. Sécherlech ginn et blann Leit, déi sech net zerechtfannen, awer dat kann een net generaliséieren. Blannheet ass net schwaarz oder wäiss, mä villfälteg.

Et gi Leit mat engem visuellen Handicap, déi sech un hir Liewenssituatioun ugepasst hunn, andeems se hir aner Sënner méi effektiv benotzen. Si hunn sech Strategien an Tricker ugëeegent fir hiren Alldag besser ze bewältegen. Den Ëmgang an d'Benotzung vum wäisse Bengel hëlleft hinne bei hirer Mobilitéit an hirer Orientéierung.

Op Garen, Busarrêten, Plazen, Kräizungen a bei Zebrasträife ginn ëmmer méi taktil Blanneleitsystemer mat engem visuell héije Kontrast installéiert, déi aus gerippte Leitlinnen an genoppten Opmierksamkeetsfelder bestinn. Si weisen de Wee beispillsweis zum Ausgang, zum Lift oder zu den Trapen. Dës Blanneleitsystemer sinn zimlech onbekannt. Vill Leit mengen, si wiere fir den Offloss vum Reewaasser do oder et wier architektonesch Konscht. Aus Onwëssenheet kënnt et vir, datt dës taktil Blanneleitsystemer duerch Wallissen, Vëloen, Autoen oder Miwwele vu Geschäfter a Restauranten blockéiert ginn. Fir awer effizient benotzt kënnen ze ginn, mussen dës Systemer ëmmer accessibel an taaschtbar bleiwen.

Dëse Video weist mech, wéi ech de wäisse Bengel benotzen. E gouf aus zwee Grënn realiséiert: engersäits fir d'Funktioun vum Blanneleitsystem bekannt ze maachen an anerersäits fir d'Leit, déi gesinn, mat der Mobilitéit an der Orientéierung vu blanne Leit vertraut ze maachen, mam Zil fir Viruerteeler ofzebauen oder op d'mannst ze reduzéieren.

Hei kënnt déi Versioun mat der Audiodeskriptioun.